iwwert ons

Eis Geschicht

D’Iddi vu Forest Kids gouf am Juli 2020 vum Elena Trost le Doeuff gegrënnt. Nodeems Sie op Lëtzebuerg geplënnert ass, huet d’Grënnerin aktiv no Kanneraktivitéiten dobaussen gesicht a huet sech mat der Sich no enger Bëschcrèche fir hiren eegene Jong auserneegesat.

D’Kanner wuessen haut an engem Ëmfeld op vun stänneger/ schneller Verännerung, verursaacht duerch Digitaliséierung a Manktem un Zäit. Dofir sinn och déi jéngst Kanner am fréien Alter Stress ausgesat. Wärend 86% vun den Elteren zu Lëtzebuerg Vollzäit schaffen, huet d’Erfarungszäit an der Natur am Dagesoflaf vun de Kanner ofgeholl. Méi wéi een Drëttel vun den Elteren fënnt dass hir Kanner wärend der Betreiung net genuch Zäit dobaussen verbréngen.

84% vun den Eltere fannen d’Verbindung mat der Natur ganz wichteg. Et ass noutwendeg d’Kanner mat der Natur ze verbannen. Dat ass et, woufir Forest Kids steet.

Loosst d’Kanner d’Kandheet richteg ausliewen
an d’Natur den Kanner hiren Spillraum sinn.

Two children
De Grënner Elena an hire Jong

De Grënner

Salut! Mäi Numm ass Elena an ech liewen zu Lëtzebuerg. Ech sinn am Marketing spezialiséiert/täteg an do derbäi hunn ech eng richteg Leidenschaft fir Erzéiung, nohalteg Konzepter, Natur, nei Erausfuerderungen an Digitaliséierung.

 

Mat der Gebuert vu mengem éischte Jong hunn ech de Besoin realiséiert en eenzegaartegt an nohaltegt Erzéiungskonzept fir Bëschcrèchen zu Lëtzebuerg opzestellen. D’Iddi ass eng Beweegung ze kreéieren déi eis zukünfteg Generatiounen mat der Natur an Einklang bréngt. Loosst eis dës Ännerung zesummen ugoen!

 

Mellt Iech fir méi Informatioun a Partnerschaften.

Eis Partner