Zesummenaarbecht

Gitt e Partner oder Ambassadeur!

Premium Partner Badge

Premium Partner

Dir sidd eng pedagogesch Institutioun, Organisatioun oder Firma déi deselwechte Wäerter deelt wéi mir? Hëlleft eis Kanner mat der Natur ze verbannen!

Ambassadeur Badge

Ambassadeur

Dir sidd eng Firma, eng privat Persoun, Organisatioun - wëllt eis Iddien ënnerstëtzen an Iech gär bedeelegen?

LOOSST EIS DAT ZESUMMEN UGOEN!

SCHÉCKT EIS ÄR KONTAKTINFORMATIOUN.

Dir hutt d’Chance e Forest Kids Premium Partner oder Ambassadeur ze ginn.

Dëst bedeit datt Dir eis Prinzipien ënnerstëtzt …

Eis Prinzippien

Ee mat der Natur

Mir ginn mat der Natur Hand an Hand , erhalen déi natierlech Schéinheet a säin Liewen a respektéieren all Planz, Bam an Déier.

En Fokus op Nohaltegkeet

Mir benotzen natierlech Materialien an erméiglechen de Kanner hir Zukunft op eng verantwortungsvoll an nohalteg Manéier ze gestalten.

Gesondheet

Mir bidden eng lokal, gesond an villsäiteg Ernärung,
dofir schaffen mir mat lokalen Baueren an Betriber.

Pedagogesch Expertise

Eis Erzéier si pedagogesch Experten an hunn speziell Ausbildungen an der Kannerbetreiung, déi eisen Ufuerderungen gerecht ginn.

Kreativitéit

Mir wëllen den Kanner Musek, Sproochen, Kultur a villes méi méi no bréngen an se hier Kreativitéit ausliewen loossen. D’Bëschcrèche wäert eng 360 ° Léiererfarung sinn.