Eis Visioun

Loosst d’Kanner d’Kandheet richteg ausliewen
an d’Natur den Kanner hiren Spillraum sinn.

Forest Kids vertrëtt eng déif an der Natur verankert
ganzheetlech Approche vun der Klengkandbetréiung.

Mir wëllen datt d’ Kanner eng Verbindung zur Natur
erliewen, d’Welt em sech erfuerschen, an esou hir
Kandheet richteg ausliewen kënnen.

Eis

Leidenschaft ass d'Kanner mat der Natur ze verbannen.

Bei Forest Kids beméien mir eis fir all Kand en Ëmfeld ze gestalten wou si wëllkomm sinn stimuléiert an ëmsuergt ginn. Eis eenzegaarteg Programmer integréieren eng Villfalt vun edukativen Theorien, déi gläichzäiteg ëmmer d’Wuel vum Kand als Prioritéit hunn. Dat erméiglecht hinnen aktiv deel ze huelen an d’Natur mat allen Sënner ze erfuerschen.

Mellt Iech un an hëlleft eis, eis mat der Natur ze verwuerzelen!

SCHÉCKT EIS ÄR KONTAKTINFORMATIOUN

Eis Prinzippien

Mir gleewen drun dass Kanner an der Natur opbléien. D’Natur léisst hinnen hir Eenzegaartegkeet an bitt hinnen gläichzäiteg Ënnerstëtzung an Geleeënheeten fir emotional, sozial a kreativ ze wuessen.

Andeems mir op d’Stäerkten, d’Interessen a d’Virwëtzegkeete vun all Kand bauen, begleeden mir all Kand op sengem Wee, d’Welt em sech ze entdecken an och nei Fäegkeeten z’entwéckelen an enk Bezéiungen ze bilden.