Zesummenaarbecht
Gitt e Partner oder Ambassadeur!
Premium Partner
Dir sidd eng pedagogesch Institutioun, Organisatioun oder Firma déi deselwechte Wäerter deelt wéi mir? Hëlleft eis Kanner mat der Natur ze verbannen!
Ambassadeur
Dir sidd eng Firma, eng privat Persoun, Organisatioun - wëllt eis Iddien ënnerstëtzen an Iech gär bedeelegen?
Dir hutt d’Chance e Forest Kids Premium Partner oder Ambassadeur ze ginn.
Dëst bedeit datt Dir eis Prinzipien ënnerstëtzt …
Eis Prinzippien
Ee mat der Natur
Mir ginn mat der Natur Hand an Hand , erhalen déi natierlech Schéinheet a säin Liewen a respektéieren all Planz, Bam an Déier.
En Fokus op Nohaltegkeet
Mir benotzen natierlech Materialien an erméiglechen de Kanner hir Zukunft op eng verantwortungsvoll an nohalteg Manéier ze gestalten.
Gesondheet
Mir bidden eng lokal, gesond an villsäiteg Ernärung,
dofir schaffen mir mat lokalen Baueren an Betriber.
Pedagogesch Expertise
Eis Erzéier si pedagogesch Experten an hunn speziell Ausbildungen an der Kannerbetreiung, déi eisen Ufuerderungen gerecht ginn.
Kreativitéit
Mir wëllen den Kanner Musek, Sproochen, Kultur a villes méi méi no bréngen an se hier Kreativitéit ausliewen loossen. D’Bëschcrèche wäert eng 360 ° Léiererfarung sinn.